Property Description
LU
Dir sicht en Haus fir ze renovéieren?
Mansfeld presentéiert Iech dës Immobilie op 3 Minutten Distanz vun der Musel.
Dëst Wënzerhaus läit an engem rouegen Quartier, an der Wäiregioun vu Lëtzebuerg, d'Haus selwer bitt e grousse Wäikeller.
Gebaut an den 20er, verdeelen sech d’Flächen vun dësem historeschen Haus iwwer 4 Stäck.
Bannen bitt dëst Haus e groussen Aganksberäich, deen mat der Kichen an dem Wunn- an Iesszëmmer verbënnt.
Um selwechten Stack befënnt sech eng Schlofkummer, eng Toilette, e Buedzëmmer an eng hëlze Trap déi op den éischte Stack féiert, wou Dir 4 grouss Schlofkummeren fannt. Um nächste Stack kommen mir op den Späicher, wou Dir vill benotzbar Plaz fannt, prett fir an e Wunnberäich ëmgewandelt ze ginn wéinst senger grousser Plafongshéicht (+3,55m).
Ausserdeem bitt dëst Haus eng Scheier déi een an eng Wunnunitéit ëmwandelen kann, déi een Akommes generéiere kann.
Am Ganzen 166 m2 Wunnfläch an 359 m2 Notzfläch.
Laag:
Dës Immobilie läit bannent 25 Minutte vun der Stad Lëtzebuerg an ass einfach mam Zuch, Autobunnen a Bus z'erreechen.
Gare op 5min (3.2km)
Shopping:
Restauranten a Geschäfter op kuerzer Distanz
Cactus op 5 min (2,7 km)
Smatch op 6 min (5.0 km)
Marché op 3 min (2,10 km)
Educatioun:
International School of Mondorf Les Bains op 12 min (9.6km)
Welleschter op 1 min (170m)
Kultur:
Point de Vue Remich op 5 min (4.5km)
Hollywoodschaukel Scheierbierg à 4 min (2.9km)
Roman Villa Borg op 16 min (16,5 km)
Saarburg op 26 min (22,6 km)
Fraizait:
Park Brill op 4 min (2,1 km)
Thermalpark Mondorf Les Bains op 10 min (8km)
Esplanade Réimech op 3 min (2,4km)
Gesondheet/Fitness/Sport:
Kikuoka Country Club op 12 min (5,9 km)
Fitness op 6 min (5,3 km)
Fir weider Hëllef mat zousätzlech Fotoen, Pläng an Informatioun, zéckt net eis ze kontaktéieren.
Är Equipe vun Mansfeld Immobilière
Contact Agent
Romain Steffen
+352 621 29 50 90
Property Details
Property Location
Bech-Kleinmacher Schengen, Luxemburg