top of page

MAISONS À KÖRPERICH

Hubertusstraße 13, Körperich, Germany

A VENDRE

380 000 € / Haus

Property Description

Dir wollt schonn ëmmer nieft Ären beschten Kolleegen wunnen?


Dann ass dat hei eppes fir Iech!


Mansfeld huet d’Freed, Iech dëst Doppelhaus ze präsentéieren.


Frësch renovéiert tëscht 2022 an 2023 kéint Dir an Är bescht Kolleegen vläicht des zwee Haiser an der Zukunft als Äert Doheem bezeechnen.


Dir sidd oppen fir mol eran ze luussen dann liest weider… 👇


Déi zwee Haiser hunn den nämmlechten Präis bei 380’000€. Den Block 1 huet en totalen Raum vun 271m2 (174m2 Wunnraum) an den Block 2 huet 204m2 total Fläch an dovunner 199m2 Wunnraum.


Fir Iech een gutt Bild maachen ze kënnen ginn mir mol zesummen duerch den Block 1. 


An lass…


Dir gitt duerch d’Dier an gesitt eng heller Entrée mat wäissen Maueren,

no riets geet et direkt an d’Stuff wou déi grouss Fënsteren méi wéi genuch Daagesluucht eraloossen fir den ganzen Raum ze beliichten.


Dësen Raum ass perfekt fir mat der Famill een méi grousst Iessen ze plangen awer of fir een relaxen Owend virun der Telé ze genéissen.


Weider geet et an déi beige-gro Kichen, déi mat all den wichtegen Elementer schonn ausgestattet ass. Egal wat Är Wënsch sinn dir kënnt do alles vum Rezept op den Dësch bréngen.


Natierlech ass och eng Spullmaschinn do, net mussen sech mat der Spull ze ploen.


Op dësem Stack sinn och nach 2 Schlofkummeren an 1 Buedzëmmer (mat Uschloss fir eng Wäschmaschinn).

Um Schluss vum Gang gëtt et och nach eng Toilette an do virdrun kënnt och schonn d’Trap fir op den 1. Stack


Hei ass et Iech zu 100% Iwwerlooss wat dir maachen wëllt.


3 grouss Raim an 1 Buedzëmmer ginn Iech lauter méiglechkeeten…


Vläicht Kannerzëmmer, Home-Gym, een Home-Office?


Oder méi Kreativ…Molzëmmer, Atelier an een Spaberäich - d’Limite ass Är Kreativitéit


Um 2. Stack ass en 98m2 groussen Späicher.


Dobaussen fannt dir dann en gemeinsamen Haff an Gaart…an dat bréngt eis op den nächsten Punkt!


Dir kënnt déi zwee Deeler vum Doppelhaus direkt zesummen kafen, sou dass Dir an Är bescht Kolleegen op 10 Sekonnen vun eneen Wunnen kënnt.


Stellt Iech déi mega Gaardenpartys am gemeinsamen Gaart fir déi dir mat all Ären gemeinsamen Kolleegen organiséieren kënnt.

All néideg Geschäfter fannt dir och an der Géigend vum Haus. Supermarchéen, Apdikten, Dokterpraxen, Schoulen, Crèchen an nach méi sinn net wäit ewech. Natierlech ginn et an der Géigend och gutt Restauranten an gemittlech Caféen.


Déi Lëtzebuergesch Grenz ass just e puer Minutten fort, Vianden (8 Minuten) oder Diekirch (19 Minuten) sinn an manner wéi 20 Minutten z’erreechen.


Fir op Bitburg oder an d’Stad Lëtzebuerg braucht dir ëm déi 40 Minutten.


Dat war et mat eisem kléngen Tuer, mir empfeelen Iech awer definitiv den Tuer op der Platz ze maachen, deen ass nach vill méi Spektakulär.


Wann Iech dat eppes seet d’Haus besichen ze kommen oder Dir wëllt einfach mol méi Infoe an Fotoe dann klickt op den Link an mëllt Iech béi eis.


Genau Adress: Hubertusstrasse 13, D-54675 Körperich, Deutschland


Contact Agent

Romain

+352 621 29 50 90

Property Details

Property Type

Eefamilienhaus

Living Surface

173 m²

PLAN.png

Bedrooms

4

Floors

3

Bathrooms

2

Year Built

1940

MARKETING (2)_edited.png

CLICK TO OPEN PLANS

VIRTUAL TOUR NOT AVAILABLE

Property Location

Hubertusstraße 13, Körperich, Germany

bottom of page